Episod 16 - Claude Mangen

headphones

48 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Vum geléierte Comptabel zum präägenden Acteur vun der Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet hien en zimlech aussergewéinleche Parcours hanner sech. Dës Woch begréisse mir am Klassik Talk de Claude Mangen, deen hei beim Radio 100 ,7 nämlech keen Onbekannten ass. De Claude Mangen war 25 Joer laang Chef vun der Kultur a Programmchef vum Radio 100,7. Haut ass hien Direkter vum Mierscher Theater, ganz geschwë fänkt fir hien awer en neie Liewensabschnëtt un.

Ursprénglech hat hien eng Ausbildung an der École de Commerce et de Gestion (ECG) gemaach. Eigentlech hat de Claude Mangen eng sécher Plaz als Comptabel. Mat 27 setzt hien awer alles op eng Kaart a geet an den Theater. Dono war hie 25 Joer laang beim Radio 100,7, als Speaker an als Programmchef. Fir hie war de Radio ëmmer eng Form vu Bün, bei där hien éischter am Hannegrond Regie gefouert huet. 2019 tauscht de Claude Mangen de Mikro géint e Regiestull a gëtt Direkter vum Mierscher Kulturhaus, aus deem ënner senger Féierung de Mierscher Theater gëtt. Säin Ziel: méi, wéi "just" e regionalen Noversuerger ze sinn. Mat 63 geet de Claude Mangen an d'Pensioun an léisst Plaz fir déi nächst Generatioun. Ab August 2026 iwwerhuelen de Pit Ewen an den Olivier Garofalo säi Posten.

An dëser Episod vu Klassik Talk erzielt de Claude Mangen iwwer den entscheedende Moment wou hien decidéiert huet, de séchere Wee vun den Zuelen ze verloossen, a sech fir d’Magie vun der Bün entscheet huet. Mir schwätzen iwwer véier Joerzéngt u Lëtzebuerger Theatergeschicht. Nostalgesch erzielt hien och, wéi hien an enger Zäit wou den Internet nach net relevant war, d’Grënnung vum soziokulturelle Radio 100,7 erlieft a matgestallt huet an firwat d’Dokumentatioun vun der Kulturgeschicht him sou vill um Häerz louch. Hien deelt eis seng Wënsch mat, fir d'Zukunft vum Mierscher Theater an wat seng Liewensphilosophie mam Gänsespill ze dinn huet.

Episoden

"Ech wéilt keen anert Instrument spillen, mam Piano kann een alles maachen"

"Ech wéilt keen anert Instrument spillen, mam Piano kann een alles maachen"

Extrait 2/5
headphones

5 min

play_arrow
Episod 18 -  Cathy Krier

Episod 18 - Cathy Krier

De Piano als Boîte magique, mat där ee nei Welte beschreiwe kann
headphones

44 min

play_arrow
"Ech hunn eng Chopins Etüd gespillt an ech si net méi erauskomm"

"Ech hunn eng Chopins Etüd gespillt an ech si net méi erauskomm"

Extrait 1/5
headphones

4 min

play_arrow
“Ech hunn déi bescht Kolleege vun der Welt “

“Ech hunn déi bescht Kolleege vun der Welt “

Extrait 4/4
headphones

4 min

play_arrow
“Ech gesinn eng grouss Zukunft doran“

“Ech gesinn eng grouss Zukunft doran“

Extrait 3/4
headphones

4 min

play_arrow
“Ech wollt vu klengem un ëmmer esou si wéi déi Aner “

“Ech wollt vu klengem un ëmmer esou si wéi déi Aner “

Extrait 2/4
headphones

5 min

play_arrow
Episod 17 -  Hy-Khang Dang

Episod 17 - Hy-Khang Dang

Vu Lëtzebuerg iwwer Paräis op London
headphones

55 min

play_arrow
“Et ass ëmmer erëm ‘wou fänken ech un’ ? “

“Et ass ëmmer erëm ‘wou fänken ech un’ ? “

Extrait 1/4
headphones

6 min

play_arrow
"An elo muss eng nächst Generatioun dat nach besser maachen"

"An elo muss eng nächst Generatioun dat nach besser maachen"

Extrait 4/4
headphones

4 min

play_arrow
"Et ass awer dat, wat mer maachen"

"Et ass awer dat, wat mer maachen"

Extrait 3/4
headphones

4 min

play_arrow
De Radio als Bün

De Radio als Bün

Extrait 2/4
headphones

4 min

play_arrow
Episod 16 -  Claude Mangen

Episod 16 - Claude Mangen

De séchere Wee vun den Zuele fir d'Bün verloossen
headphones

48 min

play_arrow
"Firwat ech d'Zuele wéinst dem Theater opginn hunn"

"Firwat ech d'Zuele wéinst dem Theater opginn hunn"

Extrait 1/4
headphones

5 min

play_arrow
Joshua Bell a seng Stäerkten nieft der Musek

Joshua Bell a seng Stäerkten nieft der Musek

Extrait 4/4
headphones

4 min

play_arrow
“Wat ee méi zu New York wunnt, wat et sech manner chaotesch ufillt”

“Wat ee méi zu New York wunnt, wat et sech manner chaotesch ufillt”

Extrait 3/4
headphones

6 min

play_arrow
“Ech genéissen d’Liewen, mat e bësse Melancholie”

“Ech genéissen d’Liewen, mat e bësse Melancholie”

Extrait 2/4
headphones

6 min

play_arrow
“Ech hu geléiert eleng ze iwwerliewen, esou wéi ee Kaméil ouni Waasser”

“Ech hu geléiert eleng ze iwwerliewen, esou wéi ee Kaméil ouni Waasser”

Extrait 1/4
headphones

6 min

play_arrow
Episod 15 -  Joshua Bell

Episod 15 - Joshua Bell

De weltberüümte Geiist Joshua Bell ass Invité am aktuellen Opus-Podcast Klassik Talk. Wien ass hien ausserhalb vun der Bün?
headphones

35 min

play_arrow
"Kanner ware gutt geschützt a mir hu bal näicht gemierkt"

"Kanner ware gutt geschützt a mir hu bal näicht gemierkt"

Extrait 3/3
headphones

5 min

play_arrow
Episod 14 -  Tatsiana Zelianko

Episod 14 - Tatsiana Zelianko

"Wéi ech 16 Joer al war, hunn ech mech an de Chopin verléift"
headphones

38 min

play_arrow